Mathé am Advent

Wärend enger klenger Zeremonie kruten déi jeeweils dräi bescht Schüler vun de 7e-, 6e– a 5e-Klassen een Diplom an eng Schneekegkeet vun der Direktesch, der Madamm Martine Berchem, iwwerreecht. De Leo Biren (7ST1), de Joshua Haupert (5G1) an den Tim Pick (6G1) goufe fir hir formidabel Leeschtungen mat enger Coupe belount. Den Tim Pick war scho virdrun vum däitsche Bundesministerium für Bildung und Forschung, ënner deem senger Schiermherrschaft de Concours organiséiert gouf, mat engem Eenzelpräis ausgezeechent ginn. E grousse Merci de Mathesproffen, den Häre Laurent Kemp, Patrick Michels a Florent Schennetten fir den Engagement an d’Organisatioun.