LPEM goes FAIRTRADE

Op d’Initiative vum Departement Vie & Société hu mir als Lycée Privé Emile Metz am Dezember 2021 mat Fairtrade Lëtzebuerg ee Vertrag ënnerschriwwen. Heimat engagéiere mir eis als LPEM, ee Konzept auszeschaffen, fir eng « Fairtrade School » ze ginn. Eent vun den Haaptziler (nieft enger Fairtrade Politik) ass et, déi existent vu Fairtrade zertifiéiert Produiten (Kaffi, Téi, Banannen, Schokela, Bamwoll…) der ganzer Schoulcommunautéit bekannt ze maachen.

Mir gesinn den Erfolleg vun dësem Projet besonnesch doranner, datt jiddereen, ob Enseignant, anere Member vum Personal a virun allem och eis Schüler sech fir de fairen Handel interesséieren an engagéieren. D’Informatiounscampagne starte mir mat enger Wanderausstellung zum Thema Bamwoll vum 24. Januar bis den 04. Februar.

Fir als « Fairtrade School » ausgezeechent ze ginn, musse mir 4 verschidde Krittären erfëllen. An deenen nächste Woche wäerte mir dës Krittäre Schrëtt fir Schrëtt ëmsetzen.

Kriterium 1 : Aufstellen eines Komitees zur Verwaltung der Fairtrade School innerhalb der Schule

Kriterium 2 : Angebot von Produkten mit dem Fairtrade Label

Kriterium 3 : Wahrnehmbarkeit der Fairtrade School

Kriterium 4 : Sensibilisierung und Bildung