Foire Agricole Ettelbruck 2021

Den LPEM ass dëse Weekend op der Foire Agricole zu Ettelbréck vertrueden. Besicht vum 2. bis de 4. Juli op den Deichwiesen. Dir fannt eis do am Zelt D.

Entdeckt eis Schoul an informéiert Iech iwwer eis verschidde Formatiounen. Mir ginn Iech all Explikatiounen zu den Ausbildungen an eiser MINT-Zertifikatioun an erklären Iech, wisou eis Schoul esou besonnesch ass!

Ënner anerem hu mir och e LEGO-Roboter derbäi, fir Workshoppen (am Respekt vun de sanitäre Mesuren) mat de Kanner kënnen ze maan… A mir hunn och eng flott Fotobox um Stand.

Mir freeën eis.

Den Entrée geet just mat Covid-Check